Logo

"Zwee Häerzer fir en Taxi"

Original-Titel: "Run for your wife" (1983) vum Ray Cooney*

Video

2Haerzer

Regie Claude Fritz
Décors'en Maria Lopes
Régieassistenz Martine Hamilius
Inspiziens Renée Ott
Beliichtung Jean Krippler

Rolleverdeelung

Mary Smith Danielle Wenner
Barbara Smith Danielle Reuter
John Smith Patrick Kayser
Stanley Gardener Marcel Hamilius
Inspekter Throughton Pierre Bodry
Inspekter Porterhouse Georges Neuen
Bobby Franklyn Pascal Granicz
Reporter Martine Hamilius

D'Première war am Kapuzinertheater den 16. Januar 2007.

Weider Virstellungen:
Kapuzinertheater den 17., 18., 19. an 20. Januar 2007 an den 23., a 24. Februar.
CAPé Ettelbréck den 24. Januar 2007.
Escher Theater den 1. an 2. Februar 2007

En Turbulent Koméidistéck, an d'Lëtzebuergescht iwwersaat vum Gaby an David Greenwood-Hamilius.

Ouni sech iirgend eppes draus ze maachen, lieft den Taxichauffeur a "Bigamist" John Smith no engem genaue Stonneplang a mat sengen zwou Fraen un zwou verschiddenen Adressen rondrëm London. Alles geet gutt, bis enges Daags ee kléngt Ongléck alles duerjernee bréngt. Well hien doduerch net zur Zäit heem kënnt, ruffe seng zwou besuergten Fraen natiirlech voller Opreegung op hirem respektive Policebüro un, a scho geschwënn dauchen zwee harmlos Police-inspekteren op, fir de Fall ze ënnersichen !!!!

* De Ray Cooney gouf 1932 zu London gebuer a gehéiert zu deenen erfollegräischsten Auteuren vu Koméidistécker aus eiser Zäit. Seele war Theater esou komesch, esou opreegend an esou verréckt zugläich.
De Ray Cooney ass den absolute Spezialist vun der Farce vun héigem Niveau, a séng Stécker goufen a méi wéi 40 Sproochen iwwersaat. Hien huet bei de meeschten Éischtopféierungen, sief et zu London oder um Broadway, selwer Regie gefouert.