Logo

"Ängri ould börds"

Kaméidistéck vum Jay Schiltz

Affiche

 

Avant-Première

Den 10. Oktober 2013 em 20 Auer am Mierscher Kulturhaus

Première

De 17. Oktober 2013 em 20 Auer am Centre Culturel Tramschapp um Lampertsbierg

(Parking ennert dem Centre Culturel Tramschapp!)

Weider Virstellungen

(Parking ennert dem Centre Culturel Tramschapp!)

(Parking ennert dem Centre Culturel Tramschapp!)

 

Regie
Jacqueline Posing-Van Dyck
Dekoren
Jeanny Kratochwil
Et spillen
Danielle Wenner
Pierre Bodry
Claude Fritz
Marcel Hamilius

 

Dräi eeler Hären, den Armand, fréiere Comptabel, onzefridde mat sech a mam Liewen, de Bob, fréiere Schoulmeeschter, sarkastesche Besserwësser an de John, Liewens-a-soss Künstler, dee vum Liewen nach ëmmer net genuch huet, philosophéieren am Altersheim iwwert Gott an d'Welt, iwwert hiert Liewen, dat vergaangent an dat wéinegt wat nach bleift an iwwert d'Fro, wat se giffe maachen, wann se tatsächlech nach zu hiren alen Deeg Milliounen am Lotto sollte gewannen. A niewebäi ginn se sech och nach géigesäiteg op d’Nerven.

Di dräi hunn eppes Gemeinsames: Fréier, als Frënn, si se zesummen a Schottland gefuer, an duer wëlle se nach eng Kéier hin, fir sech hire läschten Dram ze erfëllen: Endlech déi wéineg Zäit déi hinnen nach bleiwt fir sech an zesummen ze notzen. Mee bleift et just beim Dram oder wanne
se wierklech esouvill am Lotto, datt se hirem Liewen nach eng Kéier kënnen ee richtege Stouss ginn ...

De Jay Schiltz ass derviir bekannt dass en an deem wat e schreiwt a seet kee Blat vrun de Mond hëlt, sief et als Buchautor, a sengem Theater (E Wäibierg an Alaska, De Schaf, Papa tu dors), am Cabaret (Cabarënert, Béierdeckelsgespréicher, Revue) an als Journalist a Chefredakter vum Radio 100,7. Mat sengem Kaméidistéck iwwert déi al Leit bleiwt hien sech a sengen Iddien trei ...

DenTheater.lu spillt dëst Joer fir d'éischt am nei aménagéierten Theatersall vum komplett renovéierte Centre Culturel Tramsschapp um Lampertsbierg (grousse Parking am Sous-sol).

 

Gouvernement
VDL
Klickt w.e.g. op d'Logoen vun eise Sponsoren
Balthasar
AbbyToussaint
Buff
Coplaning

 


 

"Drénke, fëmmen a séier fueren"

Originaltitel: "Boire fumer et conduire vite"

E Kaméidistéck vum Philippe Lellouche

Affiche

An d'Lëtzebuergescht iwwersat vum Claude Fritz.

Première

Den 13. Februar 2014 em 20 Auer am Kinneksbond zu Mamer

Weider Virstellungen

De 14. Februar 2014 em 20 Auer am Kinneksbond zu Mamer

Eng Koproduktioun vum DenTheater.lu mam Kinneksbond Mamer

Logo_Kinneksbond

De 27. Februar, 6. 7. 13. a 14. Mäerz 2014 em 20 Auer am Centre Culturel Tramschapp um Lampertsbierg (Parking ennert dem Centre Culturel Tramschapp)

De 26. Mäerz 2014 em 20 Auer am Escher Theater

Den 3. Abrëll 2014 em 20 Auer opderschmelz zu Diddeléng

De 25. Abrëll 2014 em 20 Auer am Kultursall um Campus scol. Prince Guillaume zu Steesel

Den 9. Mee 2014 em 20 Auer am Kulturhaus Niederanven

Den 22. Mee 2014 em 20 Auer am CAPé zu Ettelbréck

 

Regie
Jacqueline Posing-Van Dyck
Dekoren a Beliichtung
Jeanny Kratochwil
Musik
Paul Dahm
Et spillen
Danielle Wenner
Claude Faber
Claude Fritz
Marcel Hamilius

Um Owend vun Sylvester ginn dräi Männer op engem Policebüro festgehal. Deen Éischte well en zevill gedronk huet, deen Zweete well en an engem öffentleche Lokal gefëmmt huet, an deen Drëtte well en ze séier gefuer ass.

Op eemol taucht eng Affekotin op déi hinnen d’office zougedeelt gouf fir se op dem 31. Dezember ze verdeedegen.

Den Auteur behandelt mat vill Humor d’Thema vum iwwerdriwwenen Alkoholkonsum, vun der notorescher Loscht op d’Zigarett, an der Freed um ze séier Fueren fir sech ze beweisen. Hie gräift anengems de Problem vum “Alles verbidden”  op a wuer et histeiert wann op eemol näischt méi erlabt ass a mer fir eis alldeeglech kleng Schwächten ëmmer méi streng bestroft ginn.

De Philippe LELLOUCHE brengt et färdeg säi Publikum virwëtzeg ze man, en an Otem ze halen, an en ze iwwerrasche bis zur Opléisung. D’Situatiounskomik, d’Pertinenz vun den Iwwerleeungen, déi witzeg Dialoguen an de Charme vun de véier bekannten Akteure vum Ensembel DenTheater.lu maachen dat een e flotten an amusanten Owend verbréngt.

D’Stéck hat zu Paräis e formidable Succès a steet ëmmer rem am Frankräich um Programm vun den Theateren.

 

Gouvernement
VDL
Balthasar
Klickt w.e.g. op d'Logo'en vun eise Sponsoren
AbbyToussaint
Elektrocenter
Buff
Coplaning
Buff