Logo

"Alles Gelunn ?"

Original-Titel: "La Vérité" vum Florian Zeller

Alles Gelunn

An d'Lёtzebuergescht iwwersat vum Claude Fritz.

 

Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster

Première 20. November 2012 ëm 20.00 Auer

Weider Virstellungen 24., 27., 28., 29., an 30. November 2012 ëm 20.00 Auer

Escher Theater

1. Dezember 2012 ëm 20.00 Auer

Kulturhaus Niederanven

7. Dezember 2012 ëm 20.00 Auer

Cube 521 Maarnech

6. Januar 2013 ëm 18.00 Auer

Kultursall um Campus scol. Prince Guillaume zu Steesel

20. Mäerz 2013 ëm 20.00 Auer

 

Regie Jacqueline Posing-Van Dyck
Dekoren Jeanny Kratochwil
Beliichtung Jean Krippler
Musik Michel Zeches
Inspizienz Renée Ott a Paulette Krell
Technik Martine Hamilius a Charel Schintgen

Et spillen: Isabelle Costantini, Claude Fritz, Marcel Hamilius, Danielle Wenner

"Vun de Viirdeeler, d'Wourecht net ze soen an den Nodeeler, se ze soen.

De Michel bedréit seng Fra mam Alice. Hatt ass onzefridden, well se sech emmer nёmme fir e puer Stonnen an engem Hotelszёmmer treffen. Vun sengem Wonsch, dach emol e Weekend iergendwou hinzefueren, wёllt de Michel näischt wёssen. Hie fäert net nёmmen, datt seng Fra, d'Laurence, him op d'Spuer kéint kommen, mee och de Pol, dem Alice säi Mann an dem Michel säi beschte Frёnd.

De Michel, e Ligener wéi en am Billerbuch steet, dee selwer iwwerhaapt net verdréit, wann hie belunn gett, wёllt op kee Fall, datt eppes un d'Daagesliicht kёnnt, well hie wёllt si all schounen. An sou direngelt hien d'Alice, him ze verspriechen, ёmmer weider ze léien. Mee hatt wёllt net méi. De Michel mengt: "Wann d'Leit vun engem Dag zum anneren géifen ophaalen, sech ze beléien, da géif et keng Koppel méi op der Welt ginn. An an engem gewёsse Grad wiir dat d'Enn vun der Zivilisatioun."

Wann d'Alice de Mond net méi wёllt haalen, bréngt hatt dann "d'Wourecht" un den Dag? Dem Florian Zeller säi Koméidistéck, dat vu witzegen Dialogen nёmme sou spruddelt, ass raffinéiert opgebaut an huet bei sénger Éischtopféierung d'lescht Joer am St Pauli-Theater zu Hamburg an och am Théâtre Montparnasse zu Paräis grousse Succès gehat.

ButtonSmall  

 


 

"Bezuelt Gëtt Net"

Eng turbulent Mëschung aus Farce a Kaméidistéck

Original-Titel: "Non si paga, non si paga!" vum Dario Fo

ButtonSmallButtonSmall

Bezuelt Gett Net

Iwwersetzung: Fernand Watgen


Regie an Adaptatioun Jacqueline Posing-Van Dyck
Bühn Anouk Schiltz
Kostümmer Christian Klein
Musek Michel Zeches
Beliichtung Daniel Sestak
Mask Joël Seiller
Inspizienz Paulette Krell / Renée Ott
Technesch Assistenz Charel Schintgen

Et spillen: Sonja Neuman, Danielle Wenner, Pierre Bodry, Claude Fritz, Raoul Schlechter

D'Première ass den 3. Mäerz 2013 um 20.00 Auer am Théatre National Du Luxembourg
(Les Ateliers du TNL), 166, avenue du X Septembre, Luxembourg/Belair.

Weider Virstellungen:
5., 6., 7., 14., 15. Mäerz 2013 um 20.00 Auer am "Les Ateliers du TNL"
18. Abrëll 2013 um 20.00 Auer opderschmelz Diddeléng
24. Abrëll 2013 um 20.00 Auer am Escher Theater
24. Mee 2013 um 20.00 Auer am CAPe zu Ettelbréck

D'Tonia an d'Marguy sinn entsat iwwert d'Tatsaach dass all Dag alles méi deier gëtt am Supermarché. Zesumme mat deenen anere Fraen aus dem Quartier décidéieren si selwer Präisser erofzesetzen. Wann et färdeg ass bezuelen se allerdéngs iwwerhapt net a plëmmen d’ganzt Geschäft. Doheem mussen se déi geklaute Wueren virun hire Männer, dem Jang an dem Lou, déi sech streng un d’Gesetzer halen, verstoppen. Wann d'Police ufänkt d'Heiser ze durchsichen, gëtt d'Situatioun ëmmer méi kriddlech. D'Marguy verstoppt souguer en Deel vun der gestuelener Wuer ënnert sengem Mantel a behapt héichschwanger ze sinn. A well déi zwee och d’Elektrescht an de Gas um Enn vum Mount net méi kenne bezuelen, gëtt alles ofgeschalt an si sëtzen do ouni Geliits an den Uewen geet aus ...

"BEZUELT GËTT NET" ass e Kaméidistéck an eng Farce zugläich. Den Dario FO erzielt lachendes Monds vun der schwiereger Situatioun vun de klenge Leit, hire Problemer mat de Konsumpräisser, den onsëcheren Arbechtsplazen an der Wunnéngsnout. D'Stéck ass deemno méi wéi aktuell.

 

Sponsoren Alles Gelunn
Klickt w.e.g. op d'Logoen vun eise Sponsoren
Coplaning