Logo

"Déi eng an déi aner"

E witzeg-ironescht Stéck vum Roland Kalté

 

Affiche

 

Première

De 7. Dezember em 20 Auer am Centre Culturel Bouneweg

 

Weider Virstellungen

De 16. Dezember 2016 em 20 Auer am Kinnéksbond zu Mamer

Den 11. Januar 2017 em 20 Auer am aale Stadhaus zu Déifferdang

De 27. Januar 2017 em 20 Auer am Centre ArcA zu Bartréng

Den 10. Februar 2017 em 20 Auer opderschmelz zu Diddeléng

Den 28. Februar 2017 em 20 Auer am Escher Theater

De 4. März 2017 em 20 Auer am Trifolion zu Iechternach

Den 10. März 2017 em 20 Auer an der Schungfabrik zu Téiteng

De 26. Abrëll 2017 em 20 Auer am Kultursall um Campus scol. Prince Guillaume zu Steesel

Den 28. Abrëll 2017 em 20 Auer an der Aler Schmelz zu Stengefort

Den 11. Mee 2017 em 20 Auer am Capé zu Ettelbréck

 

Regie & Dekoren
Claude Fritz
Beliichtung
Jang Krippler
Technik
Willy Blommaerts
Graffiti
Philippe Dauphin
Et spillen
Danielle Wenner
Pierre Bodry
Marcel Hamilius
Luc Lamesch

 

Et ginn ëmmer déi eng an déi aner. Mir sinn déi eng, an déi aner, - tjo – dat sinn eben déi aner.
Déi eng sinn déi gutt, déi aner sinn... anescht. Mir gehéieren natierlech zu deenen engen. Stellt sech d’Fro: Gesinn déi aner dat och esou? Waat haale si vun deenen engen? Oder menge si éieren, si wieren déi eng, a mir wieren déi aner?
4 Strummerten an der Stad an hirer Welt maache sech esou hir Gedanken. Si si déi eng oder déi aner?

Am Theaterstéck kann ee gutt lachen mee t‘gëtt een awer och un d’Nodenke bruecht. Wann déi eng kucken an déi aner spillen. Oder sinn et déi eng, déi spillen an déi aner, déi kucken?

De Rol KALTE huet iwwert d’Antenn vun RTL sech en Numm gemach mat senger witzeg-ironesch- an intelligenter Art a Weis wéi hien eisen Alldaag parodéiert.

 


 

Ge"DICKS"

 

Dicks

 

Première

De 16. Mäerz 2017 ëm 19:30 Auer am Litteraturhaus zu Miersch

Weider Virstellungen

Den 23. Mäerz 2017 ëm 20 Auer am Centre Culturel Bouneweg

De 6. Abrëll 2017 ëm 20 Auer am Centre Culturel An Huef zu Weiler-la-Tour

De 7. Abrëll 2017 ëm 20 Auer am Veräinsbau zu Greiweldéng

Den 23. Abrëll 2017 ëm 17 Auer am Betebuerger Schlass

De 5. Mee 2017 ëm 20 Auer am Musée Rural zu Peppeng

Den 9. Mee 2017 ëm 20 Auer am Artikuss zu Zolwer

Den 30. September 2017 ëm 20 Auer am Aale Kino zu Veianen

De 5. Oktober 2017 ëm 20 Auer an der Maison Schauwenburg zu Bartreng

Den 12. Oktober 2017 ëm 20 Auer am Kultursall um Campus scolaire Prince Guillaume zu Steesel

 

En historeschen Ausfluch an d’Liewe vun eisem Nationaldichter, dem Dicks,  zesummegesat 1991 vum Josy BRAUN.

E flotte Programm, lëschteg opbereet vum Claude FRITZ an dem Paul DAHM, mat ville bekannte Lidder aus sengen Operetten an enger Rei vu senge flottste Gedichter, an dat zur Geleeënheet vum 125ten Doudesdag (2016) vun eisem Nationaldichter Edmond de la Fontaine.

 

Regie Claude Fritz
Um Piano Paul Dahm
Et spillen a sangen Danielle Wenner
Pierre Bodry
Claude Fritz
Marcel Hamilius
Gérard Heinen


De Schrëftsteller Josy BRAUN, e groussen DICKS-Kenner,  hat ugangs den 90er Joren e Programm zesummegestallt iwwert den Dicks, mat deem hien deemols mam Danielle WENNER, dem Venant AREND  an dem Robert LAMBORAY op bal drësseg Plazen am Land mat groussem Succès opgetrueden ass. De Josy BRAUN huet deemols dem Dicks säi Liewen historesch duergeluecht.
Den DENTHEATER.LU freet sech drop sengem Publikum dem Josy BRAUN  säi Programm an enger adaptéierter Form op eng sprëtzeg, heiansdo parodistesch Manéier kënne virzestellen.
Fir Tempo, Witz a Rhytmus ass gesuergt.