Logo

"Goss à Gogo"

Originaltitel: "Comme s’il en pleuvait"

E Kaméidistéck vum Sébastien Thiéry

Affiche

An d'Lëtzebuergescht iwwersat an adaptéiert vum Claude Fritz.

Première

Den 11. Oktober 2014 ëm 20 Auer am Kulturhaus zu Miersch

 

Weider Virstellungen

 

Regie
Marion Poppenborg
Dekoren
Trixi Weis
Beliichtung
Jang Krippler
Musik
Balli Baldauff
Et spillen
Chrsitiane Durbach
Danielle Wenner
Pierre Bodry
Claude Fritz

 

Wann d’Laurence an de Bruno owes heemkommen, fannen si an hiirem Salon en Honnerteuroschäin. Deen Dag drop leien e puer Schäiner do. Vun Dag zu Dag ginn et der ëmmer méi. Bëndele vu Billjeeën fëllen hiirt Appartement, sou wéi wann et Geld géif reenen. Am Ufank intriguéiert, panikéieren se lues a lues wéinst deene ville Suen. Si froen sech souguer op d’Paula, hiir portuguiesesch Haushaltshëllef, net derhannert stécht.
An dëser absurder Situatioun verwandlen d’Laurence an de Bruno, déi e ganz normale Stot féieren an e gesond Verhältnis zum Geld hunn, sech a Superegoisten wann et drëm geet ze wëssen op se dat suspekt Geld sollen halen oder kucken em lass ze ginn.
Et entsteet e regelrechte Kampf tëscht Moral a Profitsucht deen nëmme ka verluer gon... Wann dann abeemol e paranoiaquen a bewaffneten Noper, dee behapt beklaut ginn ze sinn, un hiir Diir klappt, dann dréinen déi zwee duerch….

Eist Verhältnis zu deem léiwe Geld gëtt an der Farce vum Sébastien THIERY op eng „phantastesch“ Manéier op d’Schëpp geholl. DenTheater.lu présentéiert wéi ëmmer e Kaméidistéck voll witzeger Dialoguen mat engem „burlesk-trageschen“ onerwarte Schluss. Do gëtt et vill ze laachen.

__________________________________________________________________________

 

"E Kapp voller Wolléken"

En neit Stéck vum Jay Schiltz

 

Affiche-KvW

 

Première

De 19. März 2015 em 20 Auer a Koproduktioun mam Kinnéksbond zu Mamer Kinneksbond

 

Weider Virstellungen

  • Den 20. März 2015 em 20 Auer am Kinnéksbond zu Mamer
  • De 25. März 2015 em 20 Auer am Escher Theater
  • De 27. an 31. März 2015 am Tramschapp um Lampertsbierg
  • Den 2. Abrëll em 20 Auer am Cape zu Ettelbréck
  • De 4. Abrëll 2015 em 20 Auer an der Téitenger Schungfabrik
  • De 17. Abrëll 2015 em 20 Auer am Kulturhaus Niederanven
  • Den 19. Abrëll 2015 em 17 Auer am Kulturhaus Niederanven
  • Den 23. Abrëll 2015 em 20 Auer am Centre Culturel Régional Aalt Stadhaus zu Déifferdang
  • De 24. Abrëll 2015 em 19:30 Auer am Centre Culturel zu Wormeldange
  • Den 28. Abrëll 2015 em 20 Auer opderschmelz zu Diddeléng
  • De 6. Mee 2015 em 20 Auer am Centre culturel Al Schmelz zu Stengefort
  • Den 21. Mee 2015 em 20 Auer am Centre "ArcA - Musék a Konscht" zu Bartréng

 

Regie an Dramaturgie
Jacqueline Posing-Van Dyck
Dekoren
Jeanny Kratochwil
Musik
Michel Zeches
Beliichtung
Jean Krippler
Et spillen
Danielle Wenner
Pierre Bodry
Claude Faber
Claude Fritz

Op engem Quai, eng Wallis, e Panter, eng Auer déi steet, raschteg Schinnen a keen Zuch wäit a breet. Wat huet dat ze bedeiten?
Ass et en Dram oder ass et Réalitéit? Den Theater.lu geet der Sach op de Fong a versicht et erauszefannen.
E witzegt an nodenklecht Theaterstéck vum Jay SCHILTZ iwwert d’Fro wat um Enn bleift, wann ee nach just Wolléken am Kapp huet.

2013 konnt eisen Ensembel,  an excellenter Spilllaun, ënnert der Regie vum Jacqueline POSING-VAN DYCK an an den Dekore vum Jeanny KRATOCHWIL  mam  Stéck „Ängri ould börds“ vum Jay SCHILTZ ee vu senge gréisste Succès‘e feieren.

 

Gouvernement
Fonds Culturel
Ville de Luxembourg

Abby Toussaint
Chocolate House
Op der Hei
Rubi
Balthasar