Logo
FB-logo

 

"Gemetzels"

Originaltitel: "Le Dieu du Carnage"

E Kaméidistéck vum Yasmina Reza

 

Affiche Gemetzels

An d'Lëtzebuergescht iwwersat an adaptéiert vum Marcel Hamilius.

Première

De 25. Oktober 2015 ëm 17 Auer am Kulturhaus zu Nidderanven

Weider Virstellungen

De 27. Oktober 2015 ëm 20 Auer am Kulturhaus zu Nidderanven

Den 30. an 31. Oktober 2015 ëm 20 Auer am Tramsschapp

Den 1. Dezember 2015 ëm 20 Auer am Escher Theater

Den 3., 4. a 5. Dezember 2015 ëm 20:30 Auer am TOL

Regie
Marion Poppenborg
Dekoren
Anouk Schiltz
Beliichtung
Jang Krippler
Et spillen
Isabelle Costantini
Danielle Wenner
Pierre Bodry
Claude Fritz

 

D’Yasmina REZA ass eng vun de meeschtgespillten Theaterschrëfstellerinne vun eiser Zäit. Hiirt witzeg-ironescht Kaméidistéck gouf weltwäit gespillt  a vum Roman POLANSKI erfollegräich verfilmt. 


Zwee Bouwe vun 11 Jor zerschloen sech am Park, deen ee vun hinne kritt dobäi en Zant futti geschloen.
Enner modern agestallten an opgeklärte Leit, wéi d’Eltere vun den zwee Bouwen et mol sinn, beschwätzt een sou eng Affär a Rou ënnerteneen an et gëtt een sech eens. 
E rouegt a sachlecht Gespréich fänkt e puer Deeg méi spéit doheem bei den Eltere vum blesséierte Kand un. Am Ufank verleeft alles éischter roueg mee abeemol kippt dat Ganzt an den ugangs gemittlechen Familgenowend art aus. Et gëtt séier sichtbar wéi dënn d’Haut vun dem biirgerlechen Anstand eng vis-à-vis vun där anerer ass. Déi véier  Elteren gerode aus der Fassong.
Lo gëtt sech mol sou richteg d’Wourecht ennertenee gesot.
Op dem Schluechtfeld vun desem geniale Kaméidistéck voller Pointen fällt dann och nach zu gudder Läscht  en Handy an d’Blummevas ... lo ass de Chaos perfekt.
Bei dësem Stéck gëtt et vill ze laachen. Iwwert déi véier Personnagen ! An iwwer hiir Schwäikanner !
Oder erkennt een sech abeemol selwer erem ?  Um Enn stellt ee sech d’Fro "Wien huet Recht a wéi hätt ech et gemach ?" 

 

 

Ministere de la Culture Fonds Culturel VDL
Abby Tousaint Chocolate House Electro CenterRubiBalthasar

 


"Ze Verkaafen: Haus an Haff"

E Kaméidistéck vum Raoul Biltgen

 

Affiche ZeVerkaafen

Première

De 28. Februar 2016 ëm 17 Auer an der Abbaye de Neumünster

Weider Virstellungen

De 5. März 2016 ëm 20 Auer am Kinnéksbond zu Mamer

De 6. März 2016 ëm 17 Auer am Kinnéksbond zu Mamer

Den 10. März 2016 ëm 20 Auer am Escher Theater

De 17. März 2016 ëm 20 Auer am Kultursall um Campus scol. Prince Guillaume zu Steesel

Den 19. März 2016 ëm 20 Auer an der Téiténger Schungfabrik

De 24. März 2016 ëm 20 Auer Centre ArcA zu Bartréng

Den 22. Abrëll 2016 ëm 20 Auer am Centre Culturel zu Bouneweg

Den 11. Mee 2016 ëm 20 Auer am CAPé zu Ettelbréck

Den 13. Mee 2016 ëm 20 Auer an der Aler Schmelz zu Stengefort

 

Regie
Jacqueline Posing-Van Dyck
Dekoren
Jeanny Kratochwil
Beliichtung
Jang Krippler
Musik
Netty Glesener
Et spillen
Danielle Wenner
Claude Faber
Claude Fritz
Gérard Heinen

 

DenTheater.lu freet sech driwwer dass de Raoul Biltgen him en neit Stéck geschriwwen huet. Dëst ass also eng Welturopféierung.

De Jean-Paul (Claude FRITZ) an d’Marie-Claire (Danielle WENNER) hu sech dat verdéngt: Endlech hu se dat richtegt Haus fonnt, an deem se hir Pensioun zefridde genéisse kënnen, en ale Bauerenhaff um Duerf, wonnerschéi geleeën, tipptopp an der Rei, an emol net ze deier. Den Armand (Gérard HEINEN) a säi Fils de René (Claude FABER) verkafen en. Oder net? Et schéngt dem Armand net esou einfach ze falen, den Haff op ze ginn an aner Leit eraplënneren ze loossen. Well wat ass, wann déi Leit net déi richteg sinn? Et kann een dach de Familiesëtz net un iergendee verkafen. Am beschten ass et, et léiert ee sech emol kennen. Also gëtt eng Grillecht organiséiert, um Haff, ëm deen et geet, an da gëtt gekuckt, op dee Jean-Paul an dat Marie-Claire och geneem sinn, oder wat do alles u Geheimnisser erauskënnt, wann ee se op Häerz an Niere préift.

Wéi an deene meeschte vu sengen Theaterstécker sicht de Raoul BILTGEN och an „ZE VERKAFEN: HAUS AN HAFF“ no deem, wéi wäit Mënsche ginn, wa se eppes wëllen, wa se an eng Situatioun kommen, mat där se net gerechent hunn an ob se dann net Säite vu sech weisen, vun deenen se selwer nach näischt wossten.

Natierlech gëtt et an esou engem Kaméidistéck, an deem och nach flott gesonge gëtt, genuch ze laachen.

Ministere de la Culture Fonds Culturel VDL
Abby Tousaint
Rubi
Balthasar
Musee rural