Logo

Georges Neuen

Georges Neuen
  méi Fotoen

Den Ufank op de Brieder huet hien als klenge Bouf bei de Wëllefcher
um Lampertsbierg gemaacht.
Duerno bei de Scouten wou et ewéineg méi „seriö“ hier gung.
Vun 1963 – 1965 huet hien am Fréijoer an am Hierscht all Kéiers
eng Revue, mat Gesangs-Einlagen, gespillt déi och deels ee politesch Touch hat.

No zwou normalen Théâtersaisoën hun d'Scoute vum Lampertsbierg déi grouss Éier
gehaat 2 Stëcker vum Alain Atten an der Éischtopféiererung op d'Brieder ze bréngen.
Dat war am Januar 1968 „Faier am Stréi“ an am Januar 1969 „Mär gin op de Bock“,
2 historesch Stecker déi sech am 15. resp. 16. Jorhonnert ofgespillt hun.

Duerno huet hien eng Rei Joëren keen Théâter méi gespillt, ass de Brieder,
mat engem Folksong Trio, bis 1976 trei bliwwen.

Vun 1980 bis 1985 stung hien bei den „Théâterfrënn Walfer“ op de Brieder.
1984 as zu Walfer „Le brave soldat Sveik“, deen hien an d'Lëtzebuergescht
iwwerdroën hat, opgefouert gin.

1983 huet hien an der Operett vum Josy Braun „D'Rammelscheeder“ matgespillt.
Uschléissend vu 1984 bis 1989 wor hien beim Josy Braun an der Cabarets Équipe.

1987 huet hien zu Mamer „Théâterkëscht Gemeng Mamer“ matgegrënnt.
Bis 1996 stung hien wéinechstens 1 Mol am Joer op de Brieder.

Un 1989 an 1990 huet hien déi schéinsten Erënnerungen.
1989 huet TGM gläich 3 Mol ënnert der Régie vum Josy Braun Fräiliicht Théâter
zu Mamer opgefouert.
„De Schéifer vun Aasselburn“ vum Batty Weber am Juni 1989 an de réimeschen Thermen,
am Kader vun den 150 Joer Onofhängegkeet „'t war derwäert“ an am Juni 1990
„ D'Monument“ eng Satir vum Josy Braun.

Do tëschent, am Mäerz 1990, huet hien nach zu Mamer ënnert dem Josy Braun
am Tit Schroeder senger Operette „ Besuch um Wudderhaff“ matgemaacht.
Dar selwecht Joer huet hien och am Alain Atten sengem historeschen een Akter
„De Wollef am Bësch“ matgespillt.
1991 hun ech an dem Alain Atten senger Operette „ De Päerdsdéif“ matgewiirkt.

Am Joër 2005, no enger Paus vun 9 Joer, huet de George Neuen, am Jhemp Schuster
sengem „Gänsespill“ de Wee zereck op d'Brieder font.

Theater

bei de Lampertsbierge Scouten vun 1959-1969.
1968 Feier am Stréi vum Alain Atten
1969 Mär gin op de Bock vum Alain Atten
1980-1985 Akteur bei den Theaterfrënn Walfer.
1983 D’Rammelscheeder eng Operett vum Josy Braun
1984 Iwwersetzung vum Steck „Le brave Soldat Sveik“.
Akteur a Co-Regisseur. Éischtopféierung vu „Sarajevo“ am Centre Prince Henri.
1987 Grënnungsmember vun der Theaterkëscht Gemeng Mamer
bis 1996 ee Mol am Joer op de Brieder, mat folgenden Héichpunkten
1989 De Schéiffer vun Aasselburn vum Batty Weber ënnert der Régie vum Josy Braun
an de réimeschen Thermen zu Mamer als Fräiliicht Theater
1989 am Kader vun den 150 Joer Onofhängegkeet op der Maartplaz zu Mamer ’t war derwäert vum Josy Braun.
1990 D’Monument eng Satir vum Josy Braun, Fräiliicht Theater op der Maartplaz zu Mamer
1990 Besuch um Wudderhaf vum Tit Schroeder
1991 De Wollef am Bësch vum Alain Atten
1991 De Päerdsdéif eng Operette vum Alain Atten, Musek Pierre Nimax
2005 Gänsespill vum Jhemp Schuster am Kasematentheater
2007 Zwee Härzer fir en Taxi vum Ray Cooney
2009 Eng Gudd Partie vum Stefan Vögel
2009 Eng droleg Koppel vum Neil Simon
2010 Du brauchs kee Strack vum Pol Pütz

Film

D’Mum Séiss (Samsa Film)
4 auslänesch Produktiounen als Statist

Cabaret

1984-1989 Cabaret Josy Braun

Musék

Folksingers 1968-1978 (Gesang)