Logo

Love Letters

vum A.R. GURNEY

Affiche

an d'Lëtzebuergescht iwwersat vum Marcel Hamilius

 

Première

De 14. Dezember 2017 ëm 20:30 Auer am T.O.L. Théâtre Ouvert Luxembourg

Weider Virstellungen

De 15. a 16. Dezember 2017 ëm 20:30 Auer am T.O.L. Théâtre Ouvert Luxembourg

De 6. Januar 2018 ëm 20 Auer am Institut St. Jean um Belair

De 20. Januar 2018 ëm 20 Auer am Festsall Holzem (5, route de Garnich)

Den 23. Mäerz 2018 ëm 20 Auer am Centre Culturel zu Weiler-la-Tour

→ aus organisatoresche Grënn ass dëss Virstellung leider ofgesot gin.

De 27. Mäerz 2018 ëm 20 Auer am Kultursall um Campus scolaire Prince Guillaume zu Steesel

De 25. Oktober 2018 ëm 20 Auer an der Maison Schauwenburg zu Bartreng

Den 12. Januar 2019 ëm 20 Auer am Kulturhaus SYRKUS zu Rued-Sir

→ aus organisatoresche Grënn ass dëss Virstellung leider ofgesot gin.

Den 8. Februar 2019 ëm 20 Auer an der Schungfabrik zu Téiteng

 

Regie Marion Poppenborg
Et spillen Danielle Wenner
Claude Fritz
Technik Marcel Hamilius

 

D’Melissa an den Andrew, si déi rebellesch Duechter aus feinem Haus, sensibel, labil, ëmmer op der Sich nom Sënn an Halt am Liewen, an hien, den amerikaneschen Opsteigerdram, intelligent, verantwortungsbewosst, dee Mann deen als Senateur mat Billerbuch-Karriär a Billerbuch-Familljeliewen Erfolleg wäert hunn, si zwee tausche schon an der Primärschoul kleng Ziedelen aus.
An hirem ganze Liewen wäert en onkonventionelle Bréifwiessel si matenee verbannen. An och wann se am entscheedende Moment net de Courage hunn hir Léift ze liewen, a wéi zwee Kometen ëmmer erëm laanschtenee sausen, sou «liewen» se an hire Bréiwer alles.
Sou ass dem A.R. Gurney säi Stéck eng beweegend Leibesgeschicht, intelligent, witzeg, an déi eis all beréiert.
Kee Wonner, datt se zanter Joren zu de grousse bestännegen Theatersuccès’en zielt an a méi wéi drësseg Sproochen iwwersat gouf.

Vrun zwee Joer gouf d’Stéck am TOL, och ënnert der Regie vum Marion POPPENBORG, op franséisch gespillt. Dofir ass den Theater.lu frou grad am TOL déi lëtzebuergesch Versioun kënnen ze kreéieren.