Logo
Logo_DTHL
newsletter 1.2013

Léif Frënn vum DenTheater.lu


Den 3. Mäerz 2013 hu mir d’Première vun eisem neien Theaterstéck „Bezuelt gëtt net“ vum Dario FO, an d'Lëtzebuergescht iwwersat vum Fernand WATGEN an adaptéiert vum Jacqueline POSING-VAN DYCK.
Den Dario FO gehéiert zu de gréissten italieneschen Theaterschrëftstelleren vum leschte Joerhonnert. Hie kruut den Nobelpräiss vu Literatur am Joer 1997.
Eisen Ensembel huet dës Kéier fir d’éischt d’Geleeënheet sech am Théâtre National du Luxembourg ze produzéieren.
No de Virstellungen do spille mir zu Esch an am CAPe zu Ettelbréck. Mir si frou eist Stéck och eng éischte Kéier zu Diddeleng „opderschmelz“ kënnen opzeféieren.


“BEZUELT GËTT NET“ Originaltitel: „Non si paga. Non si paga“ vum Dario FO

Iwwersetzung Fernand WATGEN Affiche
Regie an Adaptatioun Jacqueline POSING-VAN DYCK
Bühn Anouk SCHILTZ
Kostümer Christian KLEIN
Musek Michel ZECHES
Beliichtung Daniel SESTAK
Mask Joël SEILLER
Inspizienz Paulette KRELL an Renée OTT
Technesch Assistenz Charel SCHINTGEN
Et spillen Sonja NEUMAN, Danielle WENNER,
Pierre BODRY, Claude FRITZ
a Raoul SCHLECHTER


D’Tonia an d’Marguy sinn entsat iwwert d’Tatsaach dass all Dag alles méi deier gëtt am Supermarché. Zesumme mat deenen anere Fraen aus dem Quartier décidéieren si selwer d‘Präisser erofzesetzen. Wann et färdeg ass bezuelen se allerdéngs iwwerhapt net a plëmmen d’ganzt Geschäft. Doheem mussen se déi geklaute Wueren virun hire Männer, dem Jang an dem Lou, déi sech streng un d’Gesetzer halen, verstoppen. Wann d’Police ufänkt d’Heiser ze durchsichen, gëtt d’Situatioun ëmmer méi kriddlech. D‘Marguy verstoppt souguer en Deel vun der gestuelener Wuer ënnert sengem Mantel a behapt héichschwanger ze sinn. A well déi zwee och d’Elektrescht an de Gas um Enn vum Mount net méi kenne bezuelen, gëtt alles ofgeschalt an si sëtzen do ouni Geliits an den Uewen geet aus.... “BEZUELT GËTT NET“ ass e Kaméidistéck an eng Farce zugläich. Den Dario FO erzielt lachendes Monds vun der schwiereger Situatioun vun de klenge Leit, hire Problemer mat de Konsumpräisser, den onsëcheren Arbechtsplazen an der Wunnengsnout.


Théâtre National du Luxembourg (Atelier du TNL)
166B, av. du X Septembre
3. 5. 6. 7. 14. 15. Mäerz 2013
Reservatioun: www.luxembourgticket.lu Tel. 47 08 95-1

Diddeleng „opderschmelz“ 18. Abrëll 2013
Reservatioun: www.luxembourgticket.lu Tel. 47 08 95-1

Escher Theater 24. Abrëll 2013
Reservatioun: www.theatre.esch.lu Tel. 54 03 87

CAPe Ettelbréck 24. Mee 2013
Reservatioun: www.luxembourgticket.lu Tel. 47 08 95-1
All Reservatioun och iwwert www.dentheater.lu
____________________________________________________________

Memberskaart 2013 fir e Minimum vun 20 €
Iwwerweisung op de Kont BCEE IBAN LU170019235573765000
Mir soen Iech merci fir Aer Ennerstetzung an hoffen Iech an enger vun eise
Viirstellungen ze gesinn.
Fir d'Newsletter gemailt ze kréien, abonnéiert Iech w.e.g. iwwert eis Homepage, Rubrik "Newsletter".
____________________________________________________________

Wéinst der grousser Nofro:
Weider Virstellung vun dem turbulente Kaméidistéck „Alles gelunn?“
den 20. Mäerz zu Steesel am Campus scolaire Prince Guillaume Kultursall
Reservatioun Tel. 33 21 39 37


Léif Theatergréiss

Claude FRITZ Pierre BODRY
Artistesche Responsabel President