Logo
Dir kennt eis Newsletter och abonnéieren. Hei klicken w.e.g.
Logo_DTHL
newsletter 1.2014

Léif Frënn vum DenTheater.lu

 

Den 13. Februar 2014 hu mir, a Koproduktioun mam Centre Culturel Kinneksbond zu Mamer  um 20 Auer  d’Première vun eisem neie Kaméidistéck

Drénke, fëmmen a séier fueren

vum Philippe LELLOUCHE  dat de Claude FRITZ an d’Lëtzebuergescht iwwersat huet.

Regie an Adaptatioun Jacqueline POSING - VAN DYCKAffiche_AOB
Dekoren a Beliichtung Jeanny KRATOCHWIL
Musik Paul DAHM
Et spillen Danielle WENNER, Claude FABER,
Claude FRITZ a Marcel HAMILIUS


Um Owend vu Silvester ginn dräi Männer op engem Policebüro festgehal. Deen Éischten well en zevill gedronk huet, deen Zweeten well en an engem ëffentleche Lokal gefëmmt huet, an deen Drëtten well en ze séier gefuer ass.
Op eemol daucht eng Affekotin op déi hinnen d’office zougedeelt gouf fir se op dem 31. Dezember ze verdeedegen. 
Den Auteur behandelt mat vill Humor d’Thema vum iwwerdriwwenen Alkoholkonsum, vun der notorescher Loscht op d’Zigarett, an der Freed um ze séier fueren fir sech ze beweisen. Hie gräift anengems de Problem vum “Alles verbidden”  op a wou et histeiert wann op eng Keier näischt méi erlabt ass a mer fir eis alldeeglech kleng Schwächten ëmmer méi streng bestroft ginn.

De Philippe LELLOUCHE brengt et färdeg säi Publikum virwëtzeg ze maachen, en an Otem ze halen, an en ze iwwerraschen bis zur Opléisung. D’Situatiounskomik, d’Pertinenz vun den Iwwerleeungen, déi witzeg Dialogen an de Charme vun de véier bekannten Akteuren maachen datt een e flotten an amusanten Owend verbréngt.

D’Stéck hat zu Paräis e formidable Succès a steet ëmmer nees am Frankräich um Programm vun den Theateren.


Centre Culturel Kinneksbond zu Mamer, 42, route d’Arlon
Première  den  13. Februar 2014 um 20 Auer
Eng weider Virstellung ass nach de 14. Februar 2014 och um 20 Auer
Reservatioun : Tel. 263 95-160 oder
www.luxembourg.ticket.lu  - Tel.: 47 08 95-1

Tramsschapp  um Lampertsbierg, rue Ermesinde grousse Parking am Sous-Sol
Virstellungen de  27. Februar,  de 6. , 7. , 13. a 14. Mäerz 2014  - 20 Auer
Reservatioun : www.luxembourg.ticket.lu   Tel. 47 08 95-1

Escher Theater
Virstellung de  26. Mäerz 2014 um 20 Auer
Reservatioun : www.theatre.esch.lu   Tel. 54 03 87

Centre Culturel „opderschmelz“  zu Diddeleng, 1a, rue du Centenaire
Virstellung den  3. Abrëll 2014 um 20 Auer
Reservatioun : www.luxembourg.ticket.lu   Tel. 47 08 95-1

Campus scolaire Prince Guillaume Kultursall  zu Steesel
Virstellung de  25. Abrëll 2014 um 20 Auer
Reservatioun: Tel.: 33 21 39-37 oder reservation@steinsel.lu

Centre Culturel Nidderaanven, 145, route de Trèves 
Virstellung de  9. Mee 2014
Reservatioun : Tel. 26 34 73 1 info@khn.lu  oder
www.luxembourg.ticket.lu   Tel. 47 08 95-1

CAPe zu Ettelbréck
Virstellung den  22. Mee 2014 um 20 Auer
Reservatioun : www.luxembourg.ticket.lu   Tel. 47 08 95-1


All Reservatioun och iwwert www.dentheater.lu


Fir d'Memberskaart 2014 kënn Dir eng Iwwerweisung (minimum 20 €) maachen op de Kont vun der BCEE: IBAN LU170019235573765000
Mir soen Iech merci fir Aer Ennerstetzung an hoffen Iech an enger vun eise
Viirstellungen ze gesinn.


Fir d'Newsletter gemailt ze kréien, abonnéiert Iech w.e.g. iwwert eis Homepage, Rubrik "Newsletter".


Léif Theatergréiss

Claude FRITZ Pierre BODRY
Artistesche Responsabel President