Logo
Dir kennt eis Newsletter och abonnéieren. Hei klicken w.e.g.

 

newsletter 1.2015

Léif Frënn vum DenTheater.lu

 

De 19. März 2015 hu mir Première vun deem neie Stéck „E KAPP VOLLER WOLLÉKEN“ dat de Jay SCHILTZ fir eis a lëtzebuerger Sprooch geschriwwen huet.

Regie an Dramaturgie
Jacqueline Posing-Van Dyck
Dekoren
Jeanny Kratochwil
Musik
Michel Zeches
Beliichtung
Jean Krippler
Technesch Assistenz Charel Schintgen / Marcel Hamilius
Et spillen
Danielle Wenner
Pierre Bodry
Claude Faber
Claude Fritz

Op engem Quai, eng Wallis, e Panter, eng Auer déi steet, raschteg Schinnen, keen Zuch wäit a breet. Wat huet dat ze bedeiten?
Ass et en Dram oder ass et Réalitéit? DenTheater.lu geet der Sach op de Fong a versicht et erauszefannen.
E witzegt an nodenklecht Theaterstéck vum Jay SCHILTZ iwwert d’Fro wat um Enn bleift, wann ee nach just Wolléken am Kapp huet.
2013 konnt eisen Ensembel,  an excellenter Spilllaun, ënnert der Regie vum Jacqueline POSING-VAN DYCK an an den Dekore vum Jeanny KRATOCHWIL  mam  Stéck „Ängri ould börds“ vum Jay SCHILTZ ee vu senge gréisste Succès’e feieren.

 

A Koproduktioun mam Kinneksbond Mamer
Première:                   19. März 2015  20 Auer
Weider Virstellung:      20. März 2015 20 Auer
Reservatioun : www.luxembourg.ticket.lu Tel. 470895-1


Escher Theater: 25. März 2015 20 Auer 
Reservatioun : www.theatre.esch.lu Tel. 540387

Tramsschapp Lampertsbierg:
27. März 2015 20 Auer an 31. März 2015  20 Auer
Reservatioun : www.luxembourg.ticket.lu Tel. 470895-1

Cape Ettelbréck: 2. Abrëll 2015 20 Auer
Reservatioun : www.luxembourg.ticket.lu Tel. 470895-1

Téitenger Schungfabrik: 4. Abrëll 2015 20 Auer
Reservatioun : www.luxembourg.ticket.lu Tel. 470895-1

Neumünster: 10. Abrëll 2015 20 Auer (11. Abrëll Réserve)
Reservatioun: www.ccrn.lu  Tel.26 20 52-444    www.billetteriecrn.lu

KHNidderanven :
17. Abrëll 2015 20 Auer a 19. Abrëll 2015 17.00 Auer  
Reservatioun : www.luxembourg.ticket.lu Tel. 470895-1

Aalt Stadhaus Déifferdang: 23. Abrëll 2015 20 Auer
Reservatioun : www.luxembourg.ticket.lu Tel. 470895-1

Wormer: 24. Abrëll 2015 19:30 Auer
Reservatioun : wormerchorale@connect.lu Tel. 760525 (Lenert-Haupert)

opderschmelz Diddeléng: 28. Abrëll 2015 20 Auer
Reservatioun : www.luxembourg.ticket.lu Tel. 470895-1

Al Schmelz Stengefort: 6. Mee 2015 20 Auer
Reservatioun: henriette.ries@steinfort.lu Tel. 399313-1

ArcA Bertrange: 21. Mee 2015 20 Auer
Reservatioun : www.luxembourg.ticket.lu Tel. 470895-1

All Reservatioun och op www.dentheater.lu

Wann Dir sou léif wëllt sinn eis ze ënnerstëtzen, da kaaft w.e.g. eng Memberskaart  fir 2015 fir e Minimum vun 20 €

Iwwerweisung op de Kont: BCEE IBAN LU17 0019 2355 7376 5000
Mir soen Iech Merci fir Är Ennerstetzung an hoffen Iech an enger vun eise Viirstellungen ze gesinn.

Wëllt dir d‘Newsletter gemailt kréien, da kënnt dir Iech via www.dentheater.lu  Rubrik „Newsletter“  abonnéieren.

Léif Theatergréiss

Claude FRITZ                              Pierre BODRY
Artistesche Responsabel               President