Logo
Dir kennt eis Newsletter och abonnéieren. Hei klicken w.e.g.

 

newsletter 1.2016

Léif Frënn vum DenTheater.lu

 

Den 28. Februar ëm 17 Auer ass am Gronn am Neimënster (Salle Robert Krieps) d’Première vun eisem neie Stéck „Ze verkafen: Haus an Haff”, dat de Raoul BILTGEN fir eis geschriwwen huet.

Regie an Dramaturgie
Jacqueline Posing-Van Dyck
Dekoren
Jeanny Kratochwil
Musik
Netty Glesener
Beliichtung Jean Krippler
Technesch Assistenz Charel Schintgen
Et spillen
Danielle Wenner
Claude Faber
Claude Fritz
Gérard Heinen

De Jean-Paul (Claude FRITZ) an d’Marie-Claire (Danielle WENNER) hu sech dat verdéngt: Endlech hu se dat richtegt Haus fonnt, an deem se hir Pensioun zefridde genéisse kënnen, en ale Bauerenhaff um Duerf, wonnerschéi geleeën, tipptopp an der Rei, an emol net ze deier. Den Armand (Gérard HEINEN) a säi Fils de René (Claude FABER) verkafen en. Oder net? Et schéngt dem Armand net esou einfach ze falen, den Haff op ze ginn an aner Leit eraplënneren ze loossen. Well wat ass, wann déi Leit net déi richteg sinn? Et kann een dach de Familiesëtz net un iergendee verkafen. Am beschten ass et, et léiert ee sech emol kennen. Also gëtt eng Grillecht organiséiert, um Haff, ëm deen et geet, an da gëtt gekuckt, op dee Jean-Paul an dat Marie-Claire och geneem sinn, oder wat do alles u Geheimnisser erauskënnt, wann ee se op Häerz an Niere préift.
Wéi an deene meeschte vu sengen Theaterstécker sicht de Raoul BILTGEN och an „ZE VERKAFEN: HAUS AN HAFF“ no deem, wéi wäit Mënsche ginn, wa se eppes wëllen, wa se an eng Situatioun kommen, mat där se net gerechent hunn an ob se dann net Säite vu sech weisen, vun deenen se selwer nach näischt wossten.
Natierlech gëtt et an esou engem Kaméidistéck, an deem och nach flott gesonge gëtt, genuch ze laachen.

 

Neimënster Lëtzebuerg-Grond
Première: 28. Februar 2016  17 Auer

Kinneksbond Mamer
5. März 2016 20 Auer an 6. März 2016 17 Auer 

Escher Theater
10. März 2016 20 Auer

Kultursall Campus Scolaire Prince Guillaume Steesel

17. März 2016 20 Auer

Téitenger Schungfabrik
19. März 2016 20 Auer

ArcA Bartréng
24. März 2016 20 Auer

Centre Culturel Bouneweg
22. Abrëll 2016 20 Auer

CAPé Ettelbréck
11. Mee 2016 20 Auer

Al Schmelz Stengefort
13. Mee 2016 20 Auer

All Reservatioun a weider Infoen op www.dentheater.lu

Wann Dir sou léif wëllt sinn eis ze ënnerstëtzen, da kaaft w.e.g. eng Memberskaart 2016 fir e Minimum vun 20 €

Iwwerweisung op de Kont: BCEE IBAN LU17 0019 2355 7376 5000
Mir soen Iech Merci fir Är Ennerstetzung an hoffen Iech an enger vun eise Viirstellungen ze gesinn.

Wëllt dir d‘Newsletter gemailt kréien, da kënnt dir Iech via www.dentheater.lu  Rubrik „Newsletter“  abonnéieren.

Léif Theatergréiss

Claude FRITZ                              Pierre BODRY
Artistesche Responsabel               President