Logo
Logo_DTHL

newsletter 2.2013

Léif Frënn vum DenTheater.lu

 

De 17. Oktober 2013 hu mir am komplett renovéierten Tramsschapp um Lampertsbierg d’Première vun eisem neie Kaméidistéck „Ängri ould börds“ daat de Jay SCHILTZ fir eis a lëtzebuerger Sproch geschriwwen huet.

Regie an Adaptatioun Jacqueline POSING-VAN DYCK Affiche_AOB
Dekoren Jeanny KRATOCHWIL
Technesch Assistenz Charel SCHINTGEN
Et spillen Sonja NEUMAN, Danielle WENNER,
Pierre BODRY, Claude FRITZ
a Raoul SCHLECHTER


Dräi eeler Hären, ëm déi 80, den Armand, fréiere Comptabel, onzefridde mat sech a mam Liewen, de Bob, fréiere Schoulmeeschter, sarkastesche Besserwësser an de John, Liewens-a-soss Kënschtler, dee vum Liewen nach ëmmer net genuch huet, philosophéieren am Altersheim iwwert Gott an d'Welt, iwwert hiert Liewen, daat vergaangent an daat wéinegt waat nach bleift an iwwert d'Fro, waat se giffe maachen, wann se tatsächlech nach zu hiren alen Deeg Milliounen am Lotto sollte gewannen. A niewebäi ginn se sech och nach géigesäiteg op d’Nerven. 
Déi dräi hunn eppes Gemeinsames: fréier, als Frënn, sinn se dacks zesummen a Schottland gefuer. An duer wëllen se nach eng Kéier hin, fir sech hire läschten Dram ze erfëllen: endlech déi wéineg Zäit déi hinnen nach bleiwt fir sech an zesummen ze notzen. Mee bleift et just beim Dram oder wanne se wiirklech esouvill am Lotto, datt se hirem Liewen nach eng Kéier kënnen ee richtege Stouss ginn ...
De Jay Schiltz ass derviir bekannt dass en an deem waat e schreiwt a seet kee Blat virun de Mond hëllt, sief et als Buchautor, a sengem Theater (E Wäibierg an Alaska, De Schaf, Papa tu dors), am Cabaret (Cabarënert, Béierdeckelsgespréicher, Revue…) an als Journalist a Chefredakter vum Radio 100,7. Mat sengem Stéck iwwert déi al Leit bleiwt hien sech a sengen Iddien trei ...

 

Op Invitatioun vum Mierscher Kulturhaus ass den 10. Oktober 2013 eng Avant-Première


Mierscher Kulturhaus
Avant-Première den 10. Oktober  2013  um 20 Auer
Reservatioun: www.luxembourgticket.lu Tel. 470895-1

Tramsschapp um Lampertsbierg, rue Ermesinde (grousse Parking am Sous-sol)    
Première de 17. Oktober 2013 um 20 Auer
Weider Viirstellungen  de 24. a 25. Oktober all Kéiers um 20 Auer
Reservatioun : www.luxembourg.ticket.lu Tel. 470895-1

Escher Theater
Viirstellung de 6. November 2013 um 20 Auer
Reservatioun : www.theatre.esch.lu Tel. 540387

Cube 521 zu Maarnech
Viirstellung den 22. November 2013 um 20 Auer

Reservatioun : www.luxembourg.ticket.lu Tel. 470895-1


All Reservatioun och iwwert www.dentheater.lu
_______________________________________________________________________

Memberskaart 2013 fir e Minimum vun 20 €
Iwwerweisung op de Kont BCEE IBAN LU170019235573765000
Mir soen Iech merci fir Aer Ennerstetzung an hoffen Iech an enger vun eise
Viirstellungen ze gesinn.
Fir d'Newsletter gemailt ze kréien, abonnéiert Iech w.e.g. iwwert eis Homepage, Rubrik "Newsletter".


Léif Theatergréiss

Claude FRITZ Pierre BODRY
Artistesche Responsabel President