Logo
Dir kennt eis Newsletter och abonnéieren. Hei klicken w.e.g.

 

newsletter 2.2015

Léif Frënn vum DenTheater.lu

 

Sonndes de 25. Oktober 2015 ëm 17.00 Auer hu mir Première am Kulturhaus Nidderanven vum neie Stéck „GEMETZELS“. E witzegt-ironescht Kaméidistéck vum Yasmina REZA
Et ass eis gelongen d‘Iwwersetzungs- an Opféierungsrechter vum franséische Stéck „Le Dieu du Carnage“ ze kréien dat de Marcel HAMILIUS an d’Lëtzebuergescht iwwersat huet.

Regie
Marion Poppenborg
Dekoren
Anouk Schiltz
Beliichtung
Jean Krippler
Et spillen
Isabelle Costantini
Danielle Wenner
Pierre Bodry
Claude Fritz

Zwee Bouwe vun 11 Jor zerschloen sech am Park, deen ee vun hinne verléiert dobäi e puer Zänn.
Enner modern agestallten an opgeklärte Leit, wéi d’Eltere vun den zwee Bouwen et mol sin, beschwätzt een sou eng Affär a Rou ënnerteneen an et gëtt een sech eens.
E rouegt a sachlecht Gespréich fänkt e puer Deeg méi spéit doheem bei den Eltere vum blesséierte Kand un. Am Ufank verleeft alles éischter roueg mee abeemol kippt dat Ganzt an den ugangs gemittlechen Familgenowend art aus. Et gëtt séier sichtbar wéi dënn d’Haut vun dem biirgerlechen Anstand eng vis-à-vis vun där anerer ass. Déi véier Elteren gerode komplett aus der Fassung.
Lo gëtt sech mol sou richteg d’Wourecht ënnertenee gesot.
Op dem Schluechtfeld vun desem geniale Kaméidistéck voller Pointen fällt dann och nach zu gudder Läscht en Handy an d’Blummevas … lo ass de Chaos perfekt.

Bei dësem Stéck gëtt et vill ze laachen. Iwwert déi véier Personnagen! An iwwer hiir Schwäikanner!
D’Yasmina REZA ass eng vun de meeschtgespillten Theaterschrëfstellerinne vun eiser Zäit. Hiirt witzeg-ironescht Kaméidistéck gouf weltwäit gespillt a vum Roman POLANSKI erfollegräich verfilmt.

 

Kulturhaus Niederanven
Première:                   25. Oktober 2015  17 Auer
Weider Virstellung:      27. Oktober 2015 20 Auer

Tramsschapp:
30. an 31. Oktober 2015 20 Auer 

Escher Theater:
1. Dezember 2015 20 Auer

TOL:
3., 4. a 5. Dezember
2015 20 Auer

All Reservatioun a weider Infoen op www.dentheater.lu

Wann Dir sou léif wëllt sinn eis ze ënnerstëtzen, da kaaft w.e.g. eng Memberskaart  fir e Minimum vun 20 €

Iwwerweisung op de Kont: BCEE IBAN LU17 0019 2355 7376 5000
Mir soen Iech Merci fir Är Ennerstetzung an hoffen Iech an enger vun eise Viirstellungen ze gesinn.

Wëllt dir d‘Newsletter gemailt kréien, da kënnt dir Iech via www.dentheater.lu  Rubrik „Newsletter“  abonnéieren.

Léif Theatergréiss

Claude FRITZ                              Pierre BODRY
Artistesche Responsabel               President