Logo
Dir kennt eis Newsletter och abonnéieren. Hei klicken w.e.g.

 

newsletter 2.2016

Léif Frënn vum DenTheater.lu

 

De 7. Dezember ëm 20 Auer ass am Centre Culturel zu Bouneweg d’Première vun eisem neie witzege Kaméidistéck „Déi eng an déi aner” vum Roland KALTÉ

Regie an Dekoren
Claude Fritz
Dekoren
Jeanny Kratochwil
Beliichtung
Jean Krippler
Technesch Assistenz Willy Blommaerts
Graffiti Philippe Dauphin
Et spillen
Danielle Wenner
Pierre Bodry
Marcel Hamilius
Luc Lamesch

Et ginn ëmmer déi eng an déi aner. Mir sinn déi eng, an déi aner, - tjo – dat sinn eben déi aner.
Déi eng sinn déi gutt, déi aner sinn ... anescht. Mir gehéieren natierlech zu deenen engen. Stellt sech d’Fro: Gesinn déi aner dat och esou? Wat hale si vun deenen engen? Oder menge si éieren, si wieren déi eng, a mir wieren déi aner?
4 Strummerten an der Stad an hirer Welt maache sech esou hir Gedanken. Si si déi eng oder déi aner?


Am Theaterstéck kann ee gutt lachen mee t’gëtt een awer och un d’Nodenke bruecht. Wann déi eng kucken an déi aner spillen. Oder sinn et déi eng, déi spillen an déi aner, déi kucken?


De Roland KALTÉ huet iwwert d’Antenn vun RTL sech en Numm gemach mat senger witzeg-ironesch- an intelligenter Art a Weis wéi hien eisen Alldag parodéiert.

 

Centre Culturel Bonnevoie
Première: 7. Dezember 2016  20 Auer

Kinneksbond Mamer
16. Dezember 2016 20 Auer 

Aalt Stadthaus Déifferdang
11. Januar 2017 20 Auer

ArcA Bartreng

27. Januar 2017 20 Auer

opderschmelz Diddeléng
10. Februar 2017 20 Auer

Escher Theater
28. Februar 2017 20 Auer

Trifolion Iechternach
4. März 2017 20 Auer

Schungfabrik Téiteng
10. März 2017 20 Auer

Kultursall Campus Scolaire Prince Guillaume Steesel
26. Abrëll 2017 20 Auer

Al Schmelz Stengefort
28. Abrëll 2017 20 Auer

CAPé Ettelbréck
11. Mee 2017 20 Auer

All Reservatioun a weider Infoen op www.dentheater.lu

Wann Dir sou léif wëllt sinn eis ze ënnerstëtzen, da kaaft w.e.g. eng Memberskaart fir e Minimum vun 20 €

Iwwerweisung op de Kont: BCEE IBAN LU17 0019 2355 7376 5000
Mir soen Iech Merci fir Är Ennerstetzung an hoffen Iech an enger vun eise Viirstellungen ze gesinn.

Wëllt dir d‘Newsletter gemailt kréien, da kënnt dir Iech via www.dentheater.lu  Rubrik „Newsletter“  abonnéieren.

Léif Theatergréiss

Claude FRITZ                              Pierre BODRY
Artistesche Responsabel               President