Logo

"Eng Gutt Partie"

Original-Titel: "Eine gute Partie" (2002) vum Stefan Vögel

Eng gutt Partie


An d'Lëtzebuergescht iwwersat vum Marcel Hamilius.

Regie Claude Fritz
Décors'en Jeanny Kratochvil
Regieassistenz Martine Hamilius
Beliichtung Jean Krippler
Inspiziens Renée Ott

Et spillen:
Danielle Reuter, Danielle Wenner, Raoul Schlechter , Marcel Hamilius, Georges Neuen.

D'Première war den 6. Januar 2009 am Kapuzinertheater.

Weider Virstellungen:
7., 8., 9., 10., 19., 20., 21 an 22. Januar an 25., 26. Februar 2009 am Kapuzinertheater.
29. an den 30. Januar 2009 am Zelt zu Esch.
28. Februar 2009 am Cube 521 zu Maarnech.

Wéi kéint d’Liewen dach sou schéi sinn! De Fred Kowinski, e verbatterte Wittmann, huet sech nom Dout vu senger Fra säin Alldag gemittlech ageriicht. Hie léisst säin Appartement an der Stad sou richteg verkommen an en ass nach just fixéiert op säi Frënd Arthur, deen dënschdes bei hie Schach spille kënnt, a säi Jong Leo, dee Staubsaugere verkeeft an hie mëttwochs besicht.
Mee de Fred hält net vill vu sengem Jong well e mengt deen hätt am Liewe versot. An trotzdem kuckt de Leonard, dat säi Papp a mënschwiirdege Verhältnisser liewt. Ëmmer rëm schoustert hien him nei Haushälterinnen zou. De Fred ekelt déi Dammen awer rëm sou séier raus wéi se komm sinn, bis enges Dags d’Rosali agestallt gëtt. Hatt sprengt déi festgefruere Routine vun deenen dräi Männer a brengt alles sou duercherneen, dat ee muss fäerten dat déi zënter Joren agespillte Bezéihungen an d’Bréch ginn.
Jo, enges Dags mëscht hatt sech souguer an deenen zwee Frënn hiirt Schachspill an, an de Arthur gewënnt no 37 Joer fir d’éischt seng Partie. Lo versteet de Fred kee Spaass méi. An de Leo ass iwwerrascht wann en enges Dags bei säi Papp kënnt an deem seng Wunneng total opgeraumt ass. Wat ass geschitt… ?

Den éisträichesche Schrëftsteller Stefan VÖGEL ass en Ass am witzegen Dialog deen d’Laachmuskelen strapazéiert. Säi Kaméidistéck, dat awer och beréiert a munchmol nodenklech stëmmt, ass mat groussem Erfolleg op villen däitschsproochegen Theaterbühnen opgefouert ginn.


"Eng Droleg Koppel"

Original-Titel: "The Odd Couple" (1965) vum Neil Simon

Eng Droleg Koppel


An d'Lëtzebuergescht iwwersat vum Valérie Bodry.

Regie Christine Rheinhold
Décors'en Anouk Schiltz
Regieassistenz Martine Hamilius
Beliichtung Jean Krippler
Inspizienz Renée Ott

Et spillen : Marylène Czaicka, Sonja Neuman, Pierre Bodry, Claude Fritz, Pascal Granicz, Marcel Hamilius, Georges Kremer, Georges Neuen.

D'Première war den 21. Abrëll 2009 am Kapuzinertheater.

Weider Virstellungen:
24. Abrëll an 6., 7., 8., 9., 19., 20., 22. Mee 2009 am Kapuzinertheater.
12. an 13. Mee am Zelt zu Esch.
3. Juni am CAPe zu Ettelbréck.
10. Juni 2009 am Trifolion zu Iechternach.

Wéi de Felix no fënnef Joer Bestiednis vun senger Fra Frances vrun d’Diir gesat gëtt, hëlt säi Frënd Oskar hie bei sech op. Déi zwee verspriechen sech vun hirem neien Zesummeliewen nëmme Viirdeeler. Halwe Loyer, hallef sou vill Haushaltskäschten: well si musse jo un hiir gescheeten Dammen Alimenter bezuelen.

Mee wat am Ufank ausgesäit wéi eng normal Männer-Wohngemeinschaft, ännert sech ganz séier wann de Felix net méi de Mann, mee d’Fra erauskéiert an éiweg amgang ass ze botzen, ze raumen an ze maachen, dat alles wéi steril ass. Jo aus dem Oscar senger originell-chaotescher Singlewunneng gëtt duerch dem Felix säi Botzfimmel e keimfräie Musterstot. De Buedem blénkt wéi wann en naass wiir, d’Wäsch ass méi wéi propper an den Oscar muss sech abeemol Allméigleches uwinnen fir dat et nëmmen iwwerall schéi propper bleift.

Dat geet alles sou laang bis dat hien es enges Dags definitif genuch huet
an de Felix kuerzerhand erausgehäit…

Dem amerikaneschen Auteur Neil Simon säi Kaméidistéck gehéiert zu deene gréissten Theatersuccès’e weltwäit. Et gouf erfollegräich verfilmt ënnert anerem mam Walter Matthau a Jack Lemmon.