Logo

De Reuland muss dru gleewen 

E lëschtegt Stéck vum Raoul Biltgen   

Dicks

 

Detailler komme geschwenn no!  

 

DE REULAND MUSS DRU GLEEWEN

E lëschtegt Stéck vum Raoul Biltgen, zesummegestallt aus verschidden Theaterstécker vum Marcel Reuland

E waarme Summerowend, d’Sonn steet déif, d’Grillen zirpen, am Hannergrond e Bësch, Optrëtt Puck.

Puck hei, a Puck do!
Den Himmel ass blo.
Puck do, a Puck hei!
An t’ass Heemount derbei!

Verschidden Zuschauer wäerte wëssen: Ah, dat ass de Summerdram vum Reuland, sou wéi mer e kennen, wéi mer e vläit och scho gesinn hunn, dat ass fein.

Do sinn se jo, déi zwee, der Kinnigin
Hir ausgebrache Schiewercher!

Mee dee Puck do, dat ass kee freche Sprénkerleck, dat ass en ale Mann, an, éierlech gesot, wierkt dat och éischter e bësse gelangweilt, wéi hee saï Monolog do opseet.

Déi Wiederhexen!

An dann hält en op. Einfach esou. Well e keng Loscht méi huet. De Puck. An da seet en dat och nach. En huet es genuch. Zënter Jorhonnerte soll e sprangen a witzeg sinn an eng no där aner stiichten, fir datt d’Leit zefridde sinn. An heen? Ass heen zefridden? Matt sengem Liewen? Matt der Welt? Dat freet keen. A scho guer net déi Hellewull un Auteuren, déi heen ëmmer erëm benotzen.

Dobäi war de Puck emol een! Hee war vläit net de Kinnik, mee op alle Fall een, deen d’Mënsche gefaart hunn, dee Muecht hat, en Naturgeescht. An net den Hampelmännche vun de Schrëftsteller.

An elo schonn nees.

Mee elo geet et duer.

De Puck seet sengem Auteur, wat en dovunner hält, mir näischt, dir näischt op eng Bühn gesat ze ginn. Hei, dee Reuland, dee kënnt em grad richteg.

An de Reuland, dee weess net, wéi em geschitt. Ass heen de Scrooge, dee Chëchtdag vun de Geeschter heemgesicht gëtt?

Nee, heen ass de Schrëftsteller, deem seng literaresch Figur op emol en eegene Wëllen entwéckelt. Oder hat se dee schonn ëmmer?

A scho fënnt de Reuland sech a sengen eegenen Theaterstécker erëm. Hee schwätzt mat sengen eegenen Figuren, jo, hee gëtt Deel vun deene Geschichten, déi hee sech selwer ausgeduecht huet. Ob e wëll oder net. Mee net ëmmer leeft et esou, wéi hee mengt, datt et lafe misst. Well muench Figure wëlle sech ganz einfach net deem fügen, jüst well heen “den Auteur” ass. Anerer fannen, se kommen ze kuerz, nach anerer hunn och gutt Iddien.

An esou muss sech de Reuland duerch Intrige kämpfen, Libesgeschichten zu engem gudden Enn bréngen, Nopere versönen, sech verléiwen, et net kréien, an um Enn hoffen, datt et dem Puck duergeet mat där Lektioun, déi heen als Auteur huet misse léieren. An déi wier? Vläit e bësse méi Respekt virun deem, wat en erfënnt? Oder einfach nëmmen de Gedanken, datt aner Leit ganz einfach net ëmmer esou wëlle, wéi een dat selwer gären hätt.