Logo

"Du brauchs kee Strack"

vum Pol Pütz

Kabarettistesch Retrospektiv vun 1970 bis haut

Video

Du brauchs kee Strack

Regie Claude Fritz
Musik Paul Dahm
Technik Martine Hamilius
Kostümer a Requisiten Renée Ott

Et spillen a sangen:
Michèle Turpel, Danielle Wenner, Claude Fritz, Rol Girres a Georges Neuen.

Texter, Gedichter, Lidder a Sketscher

De Pol Pütz ass well iwwert 40 Joer am Lëtzebuerger Literaturbetrib doheem. Hien huet besonnesch fir Revue a Cabaret geschriwwen.Vill vu senge Gedichter goufe vertount an en etlech vu seng Lidder goufe ganz populär (O du léif kleng Zigarett, déi kleng Chamber, den Driibsert, asouweider.) Hien huet och den Text vun dem éischte Lëtzebuerger Musical „Hopp Marjänn“ geschriwwen, (Musek Pierre Nimax), dat am Joer 1980 am Groussen Theater ënnert de Regie vum Claude Fritz a mam Lëtzebuerger Theater iwwert d’Brieder goung.

De 17te März 2010 war am Kapuzinertheater d’Première vu senger Farce „De Fatzert“, déi den Ensembel „DenTheater.lu“ 13 mol mat groussem Succès gespillt huet.

„Dentheater.lu“ bréngt Iech eng Selektioun vum Pol Pütz senge beschten Texter. Et ass eng Retrospektiv vu 40 Joer Schaffen.

 


 

"D'Schwéieschen"

Original-Titel: "Les Belles-Soeurs" (2007) vum Eric Assous

D'Schwéieschen


An d'Lëtzebuergescht iwwersat vum Claude Fritz.

Regie Roger Seimetz
Décors'en Anouk Schiltz
Inspiziens Renée Ott
Technik Martine Hamilius
Beliichtung Serge Hoffmann

D'Première war den 24. Februar 2011 am Kapuzinertheater.

Weider Virstellungen:
15., 19., 22., 26. an 31. März an 1. Abrëll 2011 am Kapuzinertheater.
12. an 13. März am Escher Theater.
8. Abrëll 2011 am Trifolion zu Iechternach.
6. Mee 2011 am CAPe zu Ettelbréck.

Et spillen: Vanessa Brück, Carole Flesch, Sonja Neuman, Danielle Wenner, Claude Fritz, Jean Noesen a Raoul Schlechter.

Si sinn zu dräi Schwéieschen. Keng gläicht där anerer.
Déi éischt, d’Thilly (Danielle Wenner), ass intelligent mee frustréiert. Si huet déi gescheit Wierder sou gär wéi de Patt an ass mam Yves (Claude Fritz), dem eelste vun den dräi Bridder, bestuet. En Affekot, flotten Typ, ganz vun sech ageholl mee awer feig.
Déi zweet, d’Christelle (Carole Flesch), ass déi mat de Suen. Et gesäit een et un hiire Kleeder. Snob. Emmer dee läschte Cri. Si ass mam David ( Raoul Schlechter), dem Zänndokter bestuet, engem gestresste Moudendokter.
An dann ass do déi bessen topesch, d’Nicole (Sonja Neuman). Si nerft déi aner an ass mat dem drëtte Brudder, dem Francky (Jean Noesen), deen eng Computerfirma dirigéiert, bestuet. Hie „ gesäit net sou gutt aus“ wéi seng Bridder. D’Nicole an de Francky sinn aus der Stat op d’Land gezunn. Hei treffen déi sechs sech fir sou ze soen den Héil opzehänken.
Mee gläich brëcht Panik bei de Männer aus wann sech erausstellt dat nach eng siwent Persoun, d’Talia (Vanessa Brück), e Meedche wat si allen dräi gutt kannt hunn, deen Owend invitéiert ass. Hatt ass flott a charmant wat déi dräi Schwéieschen direkt dérangéiert. An d’Männer nervös mecht. Irgendeppes ass hei faul. Wann dat alt gutt ausgeet...
Den Eric Assous beschreiwt an sengem Kaméidistéck mat vill Humor d’Relatiounen tëschent Koppelen. Hie weist eis Persounen déi eis gläichen oder déi deene gläichen déi mer kennen.
D’Stéck gouf an de Joren 2008/2009 360 mol zu Paräis am Théâtre Saint-Georges gespillt.

ButtonSmall