Logo

"Den Théid gëtt al"

e Koméidistéck vum Raoul Biltgen

 

Affiche_Theid

 

Première

Den 31. Oktober 2017 ëm 20 Auer am Kapuzinertheater

Weider Virstellungen

Den 2. November 2017 ëm 20 Auer am Kapuzinertheater

Den 3. November 2017 ëm 20 Auer am Kapuzinertheater

Den 23. Januar 2018 ëm 20 Auer am Escher Theater

De 25. Januar 2018 ëm 20 Auer am Kultursall um Campus scol. Prince Guillaume zu Steesel

Den 31. Januar 2018 ëm 20 Auer opderschmelz zu Diddeléng

Den 2. Februar 2018 ëm 20 Auer am ArcA Bartréng

Den 3. Februar 2018 ëm 20 Auer am Cape zu Ettelbréck

Den 23. Februar 2018 ëm 20 Auer an der Schungfabrik zu Téiteng

 

Regie
Claude Fritz
Dekoren
Jeanny Kratochwil
Beliichtung
Jean Krippler
Toun an Technik
Marcel Hamilius
Et spillen
Sharon Arendt
Nathalie Gira
Danielle Wenner
Pierre Bodry
Claude Fritz
Luc Lamesch

 

Den Théid gëtt al. An e gëtt zur Laascht fir d’ganz Famill. Bis den Théid enges Daags ophält mat schwätzen. Einfach esou. Ass en dement? Oder huet e soss eppes? Kee weess et. Mee et mécht déi ganz Saach net onbedéngt méi einfach. Op der anerer Säit: Et kann ee sech jo och eng Hëllef organiséieren. An do ginn et dach mat Sécherheet genuch jonk Fraen, déi grad als Flüchtling am Land sinn, déi sech iwwert e klengt Täschegeld freeën. Sou kënnt d’Afif an d’Haus. De Problem ass datt hatt offensichtlech weder Franséisch, nach Däitsch oder Englesch, a scho guer kee Lëtzebuergesch schwätzt. Mee wann den Théid jo och näischt méi seet, dann trëfft sech dat dach perfekt.


Dat neit Kaméidistéck vum Raoul Biltgen beschäftegt sech domadder, wéi mat de Leit ëmgaange gëtt, déi op Hëllef ugewise sinn, déi Al an déi Friem. An datt esou munches wat ënnert dem Deckmäntelche vun der Nächsteléift gesot gëtt, näischt aneschtes ass wéi sech selwer d’Liewen esou einfach ewéi méiglech ze maachen. Do kann engem d’Laache scho mol am Hals stieche bleiwen. Mee wien als leschte laacht …