Logo

"Toutou"

E Koméidistéck vum Agnès an Daniel Besse

Toutou

An d'Lëtzebuergescht iwwersat vum Marcel Hamilius.

Regie Roger Seimetz
Dekoren Romain Ohrendorf
Inspiziens Renée Ott
Technik Martine Hamilius


D'Première war den 4. November 2011.

Weider Virstellungen:
5., 7., 8., 9., 10., 11., 12., 15., 16., 18., 19., 22., 23. November 2011 am Kasemattentheater.
25. November 2011 am Trifolion zu Iechternach.
11. Dezember 2011 an 21. Januar 2012 am Escher Theater.

Equipe Toutou

Et spillen : Danielle Wenner, Claude Fritz, a Marcel Hamilius.

Den Alex huet den „TOUTOU“, säin Hond verluer, wéi en owes mat em spazéiere gangen ass. D'Jessica, seng Fra, ass verzweifelt a schrecklech rosen iwwert dem Alex seng Noléissegkeet. Wat ass wiirklech geschitt? A wat fir eng Kriis huet den Alex lo ausgeléist?

Déi zwee fänken u sech Gedanken ze man aus wéi enge Grënn dee braven a léiwen „TOUTOU“ soll fortgelaf sinn. Bis lo war en dach ëmmer zefridde mat sengen Hondskichelcher, senger plastiks Schank a senger Quietschgiraff. Firwat huet en sech duerch d'Bascht gemaach?

Iwwerdeems déi zwee no de Grënn sichen, a sech Froe stellen iwwert hiirt Verhältnis zum Muppes, denken se hart iwwert hiir eege Relatioun zueneen no, an driwwer wéi stark d'Tatsaach en Hond ze hunn hiirt Zesummeleiwe belaascht.

Et kënnt spéit owes zu engem richtege Familljekonflikt wéi et abeemol schellt an hiire Frënd Pavel, deen an enger schwéirer Beziehungskriis mat senger Frëndin stecht, freet fir kënne kuerz bei si ze kommen fir iwwert seng Problemer ze schwätzen. Dat huet lo nach just gefehlt. E méi ongënschtege Moment hätt de Pavel sech net kënnen eraussichen. Well wat ass schon de Verloscht vun enger Frëndin géintiwwer dem Verloscht vun engem Mupp? Mee als een dee keen Hond huet a se souwisou net gären huet, kéint de Pavel dem jessica an dem Alex seng Suerge souwisou net verston! Dat menge si a son et och riicht eraus. Dat léisst de Pavel sech allerdings net son an d'kënnt zum Sträit. Lo ass abeemol jidderee géint jiddereen an t'ginn al Rechnunge beglach. Et gëtt richtegen Zodi an d'Haus steet op der Kopp...

Déi einfach Tatsach, datt den TOUTOU fortgelaf ass, brengt d'Agnès an den Daniel BESSE derzou e Kaméidistéck ze schreiwen wou een iwwert dem Jessica, dem Alex an dem Pavel hiirt Behuelen sech ka futti laachen, mee wou ee, wéi se oft an de Stécker déi DenTheater.lu sengem Public présentéiert, och kann driwwer nodenken wat dann lo richteg oder falsch ass.

 


 

"Boulevard Royal"

E Koméidistéck vum Nico Helminger

Boulevard Royal

Regie Jean-Paul Maes
Décors'en Anouk Schiltz

Et spillen:

Claude Fritz Benny Beck, Patron vun der Firma Sanibain
Danielle Wenner Linda, seng Fra
Elsa Rauchs Fanny, hier Duechter
Christiane Durbach Ines Krier, Patronne vun Bidden & Krunnechef
Luc Lamesch Guillaume, genannt Willi, hire Jong
Isabelle Costantini Stella alias Varla, Frëndin vum Fanny, féiert den Escort-Service Varla
Pierre Bodry Pierre Millenburg, genannt Mill, een dee säi Mäntelchen nom Wand hängt.
Clod Thommes George Clooney

D'Première war den 6. Februar 2012.

Weider Virstellungen:
7., 8., 9. an 10. Februar 2012 am Kapuzinertheater.
15. Februar 2012 am Trifolion zu Iechternach.
14. März 2012 am CAPe zu Ettelbréck.
16. an de 17. März 2012 am Escher Theater.

Zwou grouss Entreprisen am sanitäre Beräich, d'Firma Sanibain an de Bidden & Krunnechef si Konkurrenten um Maart, awer elo ass virgesinn, datt d'Kanner aus deenen zwee Haiser, de Willi an d'Fanny, sech mattenee bestueden. De Benny Beck, Patron vun der Sanibain , gesäit an där Hochzäit eng gutt Méiglechkeet, sech an d'Affäre vun der Konkurrenz anzemëschen, zemol de Patron vum Bidden & Krunnechef , de Fredy Krier no engem Accident am Koma läit an d'Firma vu senger Fra Ines geleet gëtt. Ob dat wierklech vu Virdeel fir hien ass, wéi de Benny Beck mengt, ass net sou kloer : Zwar schéint d'Ines mat der Hochzäit averstan, awer wuel net nëmmen, well si hire Jong ënnert d'Hauf wëllt kréien. Et kéint ganz gutt sinn, datt si Pläng hätt, déi net vill anescht si wéi déi vum Konkurrent. Dobäi kënnt, datt si SMSë kritt, ofgeschéckt vum Handy vun hirem Mann (dee jo am Koma läit), déi undeiten, si wier Schold un deem sengem Ongléck. Hire Jong, de Willi gesäit dat alles mat enger gewësser Distanz: hie schéint sech grad sou wéineg aus dem Fanny ze maachen wéi aus dem Betrib; seng Welt ass net, wéi hie seet, d'Bidderäich, wou alles mat Plättercher zougetesselt ass, mee den Theater. Hie schreift Stécker – ouni groussen Erfolleg, muss ee soen –, déi weise sollen, wat sech hannert der glater Fassad verstoppt. Ee vun deenen, déi a sengem Theater matmaachen ass de Pierre Millenburg, genannt Mill, en onduerchsichtegen Tipp, bei deem een ni sou richteg weess, mat weem een ze dinn huet. An da gëtt et do nach d'Varla, en Escort-Girl , dat de Willi zimlech dacks begéint, vun deem awer keen däerf eppes wëssen. An sou geet dann déi grouss Poker-Partie lass: Wie spillt mat wiem, wie spillt géint wien? Wie blufft am beschten, wie beduxt am meeschten? Sécher ass: Um Hochzäitsdag erliewe mer eng Iwwerraschung, déi déi ganz Pläng op d'Kopp geheit …

Boulevard Royal ass e Koméidistéck iwwer Geschäft a Léift, Loscht a Ligen, falsch Identitéiten a richtegt Gefuddels voller Verwiesslungen a Verrécktheeten, no um Liewen, komesch an och e bësse béis …